Hei fannt dir Feedback vun Schüler.
"Fir mech war d'Internat déi ideal Plaz fir mech op dat Wesentlecht ze konzentréieren, eng Plaz wou ech mech wuel a gutt opgehuewen gefillt hunn. Dësen Kader huet mir d'Leieren e gudde Krack vereinfacht!"
"Villmols Merci fir alles. Ech hun just duech d‘Internat ët hikruut des Etapp an der Schoul ze packen."
S.
Zäit am Internat (2021-2024)
“No 8 Joeren am Internat, hat ech geléiert, individuell ze denken an eng eegen Persoun ze sinn.”
I.
Zäit am Internat (2012-2020)
“L’internat m’a aidé à devenir indépendante et responsable. Et de temps en temps, lorsque j’en avais besoin, ils m’ont offert le soutien nécessaire.”
C.
Zäit am Internat (2017 – 2022)
“Als ancient Schüler vum Internat kann ech aus eegener Erfarung soen, dat mir d’Internat net nëmmen d’Léieren erliichtert huet, wat sech a mengen Notten erëmgespigelt huet, mee dass ech hei och e waarmt an ënnerstëtzend Ëmfeld offréiert krut hunn an dem ech Frëndschaften fir d’Liewen geschloss hunn”
A.
Zäit am Internat (2016 - 2022)
“Duerch d’Internat an mat der Hëllef vun den Educateuren an Educatricen hunn ech geléiert motivéiert ze léieren. Ech sinn duerch sie inspiréiert ginn och d’ Ausbildung vun der Educatrice ze maachen. Ech sinn gären an d’Internat komm an denken wann en aus de richtegen Grënn an d’ Internat geet, dann geet et och aneren sou wéi mir. Et huet sech souguer schonn wéi een zweet Doheem ugefillt well ech mech sou wuel gefillt hunn. “
L.
Zäit am Internat (2016 – 2022)