DSC_0195

Den Dënschdeg, 14. Mäerz, war den Ekonomie Minister Etienne Schneider op Besuch am ALR. Dëst op Aluedung vun de 4 Schüler: Agostino Lorenzo, Albergo Dana, Ernster Mandy a Rieth Felix aus der 12eCG, déi am Kader vun hirem Fach "Gestion de Projet" eng Konferenz zum Thema Space Mining organiséiert hunn. Dës ass gutt bei de Schüler a Proffen aus dem Lycée ukomm, wat een un der Unzuel vun de ville Froen déi gestallt goufen, gemierkt huet. An och de Minister Etienne Schneider war ganz iwwerzeegt vum Verlaf vun der Konferenz.

Den Dënschdeg, 14 Mäerz, war de Ministre de l’Economie Etienne Schneider op Besuch am ALR. Dëst op Aluedung vun de 4 Schüler: Agostino Lorenzo, Albergo Dana, Ernster Mandy a Rieth Felix aus der 12eCG déi am Kader vun hirem Fach “Gestion de Projet” eng Konferenz zum Thema Space Mining organiséiert hunn.

D’Konferenz, déi vun 10 bis 11 Auer gedauert huet, ass gutt bei de Schüler a Proffen aus dem Atert Lycée ukomm, wat een un der Unzuel vun de ville Froen déi gestalt goufe gemierkt huet. Den Etienne Schneider konnt mat senger Ried och vill Schüler awer och Proffen dovun iwwerzeegen, dass dëse Sujet nach wichteg fir eis Zukunft wäert ginn. « Et geet ëm d'Zukunft vun deene Jonke vun haut », sot den Etienne Schneider beispillsweis als Äntwert op eng Fro.

D’Idee vum Ofbau vu Materialien aus dem Weltall, déi sech fir déi meeschte Schüler no purer Science-Fiction unhéiere huet ass also schlussendlech méi realistesch wéi déi meescht geduecht hunn.

Mais niewent de Schüler a de Proffen war och de Minister Schneider no dëser Konferenz ganz positiv gestemmt. Hien war positiv iwwerrascht vun der Quantitéit, awer och vun der Qualitéit vun de Froen déi d’Schüler him gestallt hunn.

Als Grupp, wëlle mir zum Ofschloss och hei nach eng Kéier Merci soen un jiddereen deen eis während dësem Projet ënnerstëtzt huet. Sou wëlle mir eisem Tuteur, dem Här Maurizio Pagani, an der Madame Manou Worré Merci soen, fir déi grouss Ënnerstëtzung, déi mir vun hinne kruten.

Een anere Merci geet un den Här Pol Zenners, deen eis mat sengem Asaz een extrem wichtege Kontakt zum Ministère de l’Economie etabléiere konnt, deen dës Konferenz an dëser Form eréischt méiglech gemaach huet.

Des Weidere wëlle mir der Direktioun an dem Service Technique vum Atert-Lycée Merci soen, fir d’Erméigleche vun dësem Projet a fir zur Verfügungstelle vun hire Raimlechkeete fir dës Konferenz.

Schlussendlech geet ee lëschte Merci un den Här Minister Etienne Schneider fir d’Deele vu sengem Wëssen a fir seng Zäit, déi hien eis zur Verfügung gestallt huet.

WebUntis / Livre de classe électronique

mini teaser bicher

Menu du jour

Vacances et congés scolaires

Transport scolaire

TagCloud