Reportage vum Eeërtécktournéier 2018, organiséiert vum Departement informatique vum ALR.

teaser

Séier waren d'Bännercher ausverkaf. Dat louch villäicht dorunner, dass mir eng Spillkonsol am Wäert vun 300€ als Haaptgewënn verschenkt hunn. Vill Schüler hunn do misse beim Verkaf enttäuscht Kéier maachen, haten awer während dem Tournéier nach d'Geleeenheet fir als 'Lückenbüsser' suguer gratis dobäi ze sinn.

 

sousdirekter

Den ALR Report 29 vun 2018

ALR Report produzéiert vum Studio ALR.

Kamera: Bob Delli Zotti
Kappkamera: Luca Simon
Interviews: Paul Frank
Editing: Bob Delli Zotti

Gewënner 2018

Daren Gomes Rodrigues vun der T2CM: eng Nintendo Switch
Loris Mayer vun der 9STP2: 25€ Akafsbong bei Amazon

 

 

 


 

Regelen

  • All Kandidat huet prinzipiell nëmmen 1 Ee ze gutt an ass aus dem Eeër Técken Turnéier ausgescheet duerch d’Onsportlecht verhalen, net un d’Regelen halen oder wann d‘Ee op mannst ugerass ass.
  • Wann s du bis d’Ee kaaft hues kriss du d‘Suen net méi rëm.
  • Du däerfs just um Turnéier Deel huele wann s du Freides, de 30/03//2018 um 9h50 keng Prüfung hues an natierlech den Dag virdrun ee Bändche kaaft hues.
  • Den Dag vum Turnéier hues du Zäit fir bis spéitstens um 9h35 am Hall an der Zone “Safe Zone” ze sinn, falls du bis dann net do bass da gëtt däin Ee an deng Participatioun un een anere verginn. Dëst well mir genau 128 Spiller brauchen.
  • Du bleifs an der Zone “Safe Zone” bis een Enseignant dech opfuerdert op eng Sëtzplaz um Turnéierdësch ze goen.
  • Wann s du deng zoufälleg Sëtzplaz zougewise kriss, muss du dech direkt ob de Stull sëtzen an däerfs deng Platz net mat engem aneren tauschen.
  • Däin Ielebou muss um Dësch op der éischter Markéierung vun dir opgesat bleiwen an däin Ee hëls du an der rietser respektiv lénker Hand an d’ Luucht Richtung Géigner, mat der Eerspëtzt zum Géigner.
  • Réischt nom éischte Signal muss du d’ Spëtzt vun dengem Ee widdert d ‘Spëtzt vum Ee vun dengem Géigner técken. Dir hutt just ee Coup ze gutt, den an de 5 Sekonnen nom éischte Signal gemaach muss ginn. No 5 Sekonne kennt een 2. Signal wat d ‘Enn vun der Ronn bedeit nodeems och kee Coup méi gemaach däerf ginn.
    • De Gewënner ass den, dem säin d’ Ee nom Coup ganz bliwwen ass.
    • Sinn déi 2 Eeër ganz bliwwen hu dir nach 1 Coup ze gutt. Ass nach ëmmer keen Ee, op mannst ugerass, gëtt per Mënzworf entscheet wien weider ass.
    • Sinn nom Coup déi 2 Eeër ugerass kréien déi 2 Kandidate jeeweils een neit Ee a mussen e neie Coup ausféieren. Wann nach eemol déi 2 Eeër ugerass sinn, gëtt per Mënzworf entscheet wien weider ass.
  • Ass bis zum 2. Signal kee Coup gemaach gi, sinn déi 2 Kandidate raus, an e weidere Spiller gëtt aus dem Publikum gewielt.
  • De Verléierer geet direkt an de Festsall wou hien säin Ee ofgëtt oder et direkt ësst. Mir wëlle keng Sauerei nom Turnéier an der Schoul hannerloossen.
  • De Gewënner bleift sëtzen a stréckt d‘Hand mat sengem Ee an d’Luucht fir säi ganz Ee ze weisen. Nodeems dëst kontrolléiert gouf muss dësen an d’Zone “Winning Zone”.
  • Dat ganz gëtt sou oft widderholl bis just nach 1, net ugerassent, Ee iwwereg bleift. De Gewënner muss 7 Ronnen iwwerstoen ouni dass säin Ee futti geet.
sou_tecken

Däin Ielebou muss um Dësch op der éischter Markéierung vun dir opgesat bleiwen an däin Ee hëls du an der rietser respektiv lénker Hand an d’ Luucht Richtung Géigner, mat der Eerspëtzt zum Géigner.

 

 


 

eeertecken2018A3-preview

Benotz dess Kaart

Xploret

WebUntis / Livre de classe électronique

mini teaser bicher

10 Joer ALR

Logo 10 joer teaser

Menu du jour

Vacances et congés scolaires

Transport scolaire

TagCloud