ALR Talents 2017/2018 - Zäit fir méi Mountainbike!

20171124_122157
20180622_125402
20180316_113916
20180309_130258
20180615_120230
20180622_130309

Sonn, agreabel Temperaturen, dofir ëmmer méi Motivatioun an zefridde Schüler

20180316_113916

Vum Réidener Lycée aus fuere mer bei relativ kalen Temperaturen a vu Wolleke verstoppte Sonn um Vëloswee iwwer Hitten ob Biekerech. D’Ziel vun eisem Tour ass d’Kräizerbuch. D’Motivatioun ass haut net grad esou grouss wéi d’lescht Woch. Zu Biekerech hunn d’Vëloe bemol onerkläerlëcherweis riets an d’Huewelerstrooss gezunn, sou laang bis se bemol wéi vum selwe stoe bliwwe sinn… Virum Bäcker Bäcker Jos! Mir hunn dunn alt vun der Geleeënheet profitéiert fir e kleng Stopp ze maachen den eis Energiespäichere gefëllt huet an dozou och nach der Motivatioun net geschuet huet!

No enger klenger Paus si mer weider gefuer laanscht d’Biekerecher Sportshal bis an de Viischtebësch. Sou lues kennt d’Sonn dann och eraus, a mat der Sonn och ëmmer méi Motivatioun! Et gëtt en onerwaart agreabelen Dag, mat quasi perfekte Mountainbike-Konditiounen! Am Viischtebësch trenne mer eis och haut erëm an zwou Gruppe mat jeeweils ëmmer engem Enseignant. Déi eng Grupp fiert direkt eng ganz knackeg Montée op den Houbierg erop, déi aner fiert fir d’éischt nach en Tour ronderëm de Lëtzert ier se sech och den Houbierg erop gequält. Jiddweree war dono am roude Beräich, an dofir goufen uewen emol d’Reschter vum Bäcker an allméiglech Rigelen eragefeiert fir d’Reserve wéinstens souwäit erëm opzefëllen dass mer de Wee zréck bei de Lycée packen. Do fuere mer nach en intressante Singletrail erof den sech d’Schüler wuel verdéngt hunn, an zréck si mer dunn iwwert déi al Eisebunnsstreck vun der Atertlinn.

Fir ofzeschléissen de selwechte Programm wéi d’lescht Woch: Vëloe botzen, duschen, a lass an de Week-end.

Fuerzäit: 2h13min

Distanz: 24km

Héichtemeter: 320m

Hei ass de Link zum Tour op Strava: https://www.strava.com/activities/1455742137

Strava_-_Kaart_vum_Tour

Vill Motivatioun, bësse Reen, vill kaal, vill Bulli, ëmmer erem kaal an trotzdem vill Spaass an glécklech Gesiichter.

 

20180309_130258

Vu Réiden aus fuere mir laanscht d'Altersheem duerch de Bësch Richtung Ell, iwwer Liewel op Biekerech. Dat si knapp 9 km bis dann déi éischt "länger" Montée usteet. Verschidde Schüler ditzen erop, anerer hu Matleed mat hiren Enseignant'en a begleeden se hannen um Wupp. :)

Uewen op der Kopp ukomm, gëtt eng kleng Paus gemaach an eng éischt Stäerkung a Form vu Müslirigel zou sech geholl. Den Tour geet weider duerch d'Belsch (Heckbous) wou mir net derlaanscht komme fir duerch eng Baach ze fueren, den ee méi, den anere manner begeeschtert.

Déi zweet "länger" Montée steet um Menü: Wuerzelen, Steng, Pill an de ville Bulli, den duerch d'Schmëlze vum Schnéi entsteet an duerch de Fisemreen net manner gëtt, kaschten zousätzlech Energie. Trotzdeem wëll kee Schüler sech d'Middegkeet uweise loossen, obwuel d'Been wéi S... brennen an de Bols héich ass. Esou vill Wëllen an Haartnäckegkeet wënschen sech bestëmmt vill Enseignant'en vun hire Schüler och bei den Hausaufgaben. Uewen ukomm, sinn d'Gléckshormoner héich. Fir d'Enseignant'en heescht dat: de Moment ass do fir nozefroen, ob mer nach eng e klengen Ëmwee (also "Montée+Descente") abaue sollen oder direkt zeréck op Réiden fueren. Déi meescht Schüler hu Blutt geleckt, anerer huelen léiwer e flaache Wee fir bis op den nächsten Treffpunkt ze kommen. Déi zwee Enseignant'en begleede jeeweils eng Grupp.

Zeréck iwwer Heckbous, laanscht de Läitrengerhaff geet et nees erof Richtung al Eisebunnsstreck (Linn Péiteng - Näerden - Ettelbréck (Atertlinn)), fir direkt nees (op der anerer Säit vum Bierg) erop Richtung Läitrengerhaff bei d'Biekerecher Bëschhaischen ze fueren, wou mir déi aner Schüler treffen an eis 2. Paus aleeën. Et ass héich un der Zäit fir eis Energiereserven, déi bei Vereenzelten dach schonn am roude Beräich sinn, nees mat Müslirigelen, Studentefudder, Dréchenuebst etc. opzefëllen.

Vum Bëschhaischen loosse mir et gemittlech laanscht d'Biekerecher Sportshal iwwer de Vëloswee (Näerden, Nidderpallen) nees zeréck op Réiden rullen.

Vëlo'en botzen, duschen (!), anescht undoen a lass an de wuelverdéngte Weekend!

Fuerzäit: 2h35min

Distanz: 31km

Héichtemeter: 550

Hei ass de Link zum Tour op Strava: https://www.strava.com/activities/1443790582/

Materiallëscht

mini teaser bicher

WebUntis / Livre de classe électronique

mini teaser bicher

Menu du jour

Vacances et congés scolaires

Transport scolaire

TagCloud