Den Atert-Lycée Réiden (ALR) an d’Brasserie Toussaint’s Mamer spende 550 Euro fir den Télévie
Am Kader vun eiser „Soirée des patrons“ hu mir zesumme mat der Brasserie Toussaint’s vu Mamer 550 Euro fir den Télévie gespent.
Dës Zomm ass zesumme komm wéi eise kreative Grupp Schüler vum Projet culinALRia de 15. Juni 2018 zu Mamer bei Toussaint’s e formidable Menü mat Produiten aus dem ALR gekacht an zerwéiert huet.
Et war e kulinarischen Highlight zesummegestallt vum Kach Maxime Diebold a senger Equipe.
De Menü huet 35 Euro kascht, wouvu 5 Euro un den Télévie gespent goufen.
All déi Leit, déi emol wëllen dobei sinn, déi sollen sech folgenden Datum notéieren:
14. Juni 2019 ab 12h15 an der Brasserie Toussaint’s zu Mamer