An den éischte Schoulwochen hunn d’Meedercher an d’Jongen aus eisen Aktivitéiten „ALR Brauatelier“ a „More than honey“ scho vill Asaz gewisen a ganz eifreg geschafft, geraf a Quetsche gekacht.

IMG_7191_

Leschte Freideg hu si bei guddem Wieder a flotter Stëmmung de frësche Viz agefëllt an d’Quetschen entkäert.

D’Enseignantë an d’Schoulpersonal konnte sech, bei enger gudder, vun de Schüler aus der Optioun CulinALRia hirgestallte, Bouneschlupp an enger Kachkéiseschmier vun der Qualitéit vun de Produiten iwwerzeegen an de Schüler bei hirer Aarbescht iwwert d’Schëller luussen.

Dono konnte si eng Fläsch Viz an e Glas Quetschekraut mat heem huelen.

WebUntis / Livre de classe électronique

mini teaser bicher

10 Joer ALR

Logo 10 joer teaser

Menu du jour

Vacances et congés scolaires

Transport scolaire

TagCloud