Am Kader vun der PROET Aktivitéit "Bees and Appletrees" hun och dëst Schouljoer eng ganz Rei Aktivitéiten stattfonnt. Hei e klenge Resumé:

teaser_bees

Am Hierscht hu mer zesummen mam Brauatelier e puer honnert Liter Viz gepresst an agefëllt. Fir de Chrëschtmaart an op der Porte Ouverte goufen Hunnegkamellen gemaach. Dann hu mer dëst Joer fir d'1. och Hunnegseef produzéiert an dobäi verschidden Rezepter ausprobéiert.

Um Beistand gouf et am Fréijoer eng traureg Noriicht well een vun eisen 2 Vëlker de Wanter net iwwerlieft huet. Dofir huet dat zweet Vollek et awer gutt gepackt an eis Mëtt Juni mat ongeféier 8 kg Hunneg verwinnt. Mettlerweil hu mer dann och 2 nei Beievëlker bäikritt déi sech bis lo ganz gutt entwéckelt hun. Een weidert Vollek kennt Enn Juli nach derbäi. Mat dësem Vollek wäerten mer dann och di konventionell Imkerei testen nodeems mer bis lo just mat Naturwabebau geschafft hun.

Dann bleift nach ze erwänen dass mer och eng Wiederstatioun um Daach vum Gebai opgeriicht hun. Aktuell Wiederdaten aus dem ALR kennen spéitstens Enn Juli och um Internetsite ugekuckt ginn.

Ça peut vous intéresser:

WebUntis / Livre de classe électronique

mini teaser bicher

Menu du jour

Vacances et congés scolaires

Transport scolaire

TagCloud