Gilbert Klee: Skript
Daniel Balthasar: Audio editing
Inhalt
Den Eric an d'Tammy fanne Kassetten um Späicher vun der Bomi déi grad verstuewen ass. Op dëse Kassette sinn Obzeechnungen vum Bopi sénger Aarbecht. De Bopi a nach aner Leit si no enger Explosioun am Atomkraftwierk ëm d'Liewe komm. Den Eric an d'Tammy fannen eraus, dass de Bopi mat séngem Aarbechtkolleg dem Pit, un der Entwécklung vu Roboter, ausgestatt mat enger kënschtlecher Intelligenz, geschafft hunn.
De Pit huet dem Bopi allerdéngs net alles iwwert séng Pläng fir déi zukünfteg Mënschheet verooden. Hie mëscht düster Experimenter a programméiert d'kënschtlech Intelligenz heemlech ëm. Bis et zu enger Katastroph kënnt...