Reprise de l’enseignement en présentiel à partir du 11 mai 2020
INFORMATION:
Porte Ouverte annulée!
INFORMATION:
Permanences téléphoniques & liens utiles
sepas:
Vum 11. bis den 16. Mee war déi mëttlerweil 3. ökologesch Exkursioun vum ALR op Nordsee. No 2 mol Föhr sin mer dës Kéier op déi schéin Insel Norderney (Niedersachsen) gefuer.
47 Schüler (11PS1, 11PS2 an 2eC) hun zesummen mat hieren Begleder während 5 Deeg op der Insel villes iwwert d'Ökosystem Wattenmeer geléiert. Sou sin Schüler ënner anerem fëschen gang fir een Iwwerblëck vun der Fauna vum Wattenmeer ze kréien, sie hun Dünenlandschaft an hier Entstehung kennen geléiert an natierlech gouf och eng Wattwanderung gemet. Ënnert der Leedung vun der Schutzstation Norderney kruten Schüler een Iwwerbleck vun allen wichtegen Aspekter déi am Zesummenhang mat deem speziellen Ökosystem stin.