„De Wollef ass rëm do!“

VIRTRAG AM ALR:

Inauguration de l’extension de l’Atert-Lycée, de son installation photovoltaïque, et de l’École de musique.

KEEN ZERECK

STUDIO ALR:

Am Oktober 2017

LASEL:

Arrow
Arrow
Virtrag
Inauguration
Keen Zereck
Lasel
Slider

All d'Episoden sinn online. Vill Spaass beim Lauschteren.

SchleekenTeaser

Em wat geet et?

Ausserierdesch Schleeken landen op eiser Äerd an hunn nëmmen eppes am Kapp:
Si brauchen Äerdnëss fir kënnen ze mutéieren. 

Dobäi leeën se sech net all ze gescheit un, obwuel se eng helle Wull un héich entwéckelte Technologie besëtzen.
Mënschekanner, natierlech Schüler aus dem ALR, hëllefen de Schleeken bei hirer Missioun.

En Hörspill produzéiert am Atert Lycée Réiden.
Sept 2016 - Juni 2017.

Hei fannt dir d'Lëscht vun all eisen Hörspiller.

 
HörspillSchmiede ALR, 2016-2017

Spriecher

Mënschekanner:

Tiara: Klee Evi, 7O4
Tun: Werer Bill, 6MC1
Nils: Muno Denis: 6MC3

Schleeken:
Schlögun: Delli Zotti Bob, 5MC1
Schnüggla: Aguilera Zoë, 6MC1
Schnogglü: Olinger Lynn, 6MC1

A Mënsche verwandelt Schleeken
Charlotte: Timotéo Jennifer, 7O2
Vanessa: Zoller Jennifer, 6MC2
Tunessa: Aguilera Zoë, 6MC1

Erwuessener (Profs)
Uso: Kang Liana
Nidbels: Bindels Gene
Mall: Klee Gilbert

AmKuerw1

Geschicht an Design

Klee Gilbert

Vertounung

Balthasar Daniel


 

1 - Uso vun enger Äusgewanderter

An dëser Episode féiert d'Liana Kang, souzesoen als aal Hues(in) eis mat enger Uso an d'Geschicht an.

Uso vum Tiara als ausgewanderte Mënsch op Schlaggna, dem Planéit vun de Schleeken gaaaaanz wäit eweg.


 

2 - Landung vun de Schleeken

D'Schleeke schwiewen an hirem Ballon Richtung Äerd. Si preparéieren sech op den ultimative Camouflage:
Si verwandelen sech a mënschlech Wiesen...


 

3 - Zevill Séissegkeeten

D'Kanner schloen sech mat Séissegkeeten d'Panz voll an chillen an den Dag eran. Bis virun hiren Aen en Heissluftballon land...


 

4 - Tarnung flitt op

Aus dem Heissluftballon klammen den Harry Potter, d'Hermine an de Ron eraus. Oder esou ähnlech.

Déi 3 Kanner trauen sech bei déi 'verkleete' Leit a stelle séier fest, dass eppes net normal ass, virun allem well déi Friem esou komesch schwätzen a een net erausfënnt op si gefierwt sinn oder si wierklech Mangafiguren sinn.


 

5 - Ausserierdesch Fähegkeeten

Nodeems si sech elo kenne geléiert hunn, verzielen d'Schleeken de Kanner eppes iwwert hire Glibbernet a wat hir Missioun ass.


 

6 - D'Wierkung léist no

D'Schleeken sinn an hirer normaler Gestalt vill méi grouss ewéi d'Kanner geduercht hunn.
Si spieren elo schonn déi éischt Unzeechen dass se sech erëm zeréck verwandelen.
Grad wou se sech duerch d'Bascht wollte maachen fir sech ze verstoppen kënnt e Prof nerven ... an dat mëtten an der grousser Vakanz...


 

7 - Verwandlung

Dem Tun seng Elteren hunn e grousse Gaart.
Ganz hanne geet et liicht biergof a vum Haus aus gesäit een net dohinner, och well Beem an Hecken dertëschend sinn.
Si hunn do eng gemitterlech Plaz fonnt wou d'Schleeken d'Nuecht kënne verbréngen.
Déi 3 Kanner kucken bëssen ugeekelt no wéi d'Schleeken erëm hir ursprünglech Gestalt unhuelen.


 

8 - Problemer bei der Verwandlung

Moies, den Dag dono. Déi 3 Kanner treffen sech erëm beim Tun am Gaart. D'Schleeke leien nach ëmmer do, an d'Zalooten an de Péiterséileg goufe giess.

Trotzdem ass de Gaart voller Schläimspueren, awer vu klenge Schleeken.
D'Schleeke verwandelen sech erëm a Mënschen allerdéngs zitt de Wand hinnen e Strëch duerch d'Rechnung.


 

9 - Keng Suen

D'Verwandlung ass ofgeschloss.
D'Schleeken erklären déi vill Schläimspueren am Gaart, a léisen op eng ausseriirdesch Art e Weis e Geldproblem.
Noom shoppen huet Tiara eng Iddi.


 

10 - Op der Lauer

Di 6 leien am Gaart vum Tiara op der Lauer, a beobachten zanter 1 gudder Stonn d’Gaardendiir vum Här Mall, dem steeräiche Besëtzer vum grousse Supermarché.
Hien ass eigentlech e ganz fäine Mann, verléiert awer séier seng Nerven wann et em säi Gaart geet.
Virun allem seng Orchideeë stinn iwwert allem.
Zanter Méint fleejt hien se a waart mat Stativ, Fotoapparat a Camera all fräi Minutt drop dass se hir Bléi endelch entfalen.


 

11 - Missioun erfëllt

D’Tiara huet den Här Mall gefroot fir eng méiglechst grouss Ladung réih Erdnëss ze bestellen.
An zwar ganz diskret. Kien sollt dat matkréien. En deel vum Deal war, dass hat net misst soen wisou hat esou vill Erdnëss bréicht.
D’Beschaafe vun den Erdnëss war fir den Här Mall guer kee Problem. Hien huet beim Golfen an der Schwäitz de Chef vun der SchoklasbotterFirma Schnutella kenne geléiert an deen huet masseg Erdnëss zevill, well hien ab elo säi Schoklasbotter
mat Hieselnëss mëscht.
Déi eenzeg Onkäschte wieren den Transport gewiecht, mä well hien och den Direkter vun der Transportfirma Zéiwen vun Ell kennt, krut hien do e gudde Präis. Dat waren him seng Orchideen wäert.

1 Woch ass vergaangen zanter den Här Mall seng Orchideeë op mannst 1000x fotograféiert huet, an elo ganz stolz eng FotoAusstellung an der Aula huet.
D’Cacahuette goufe mam Camion op Réide bruecht an einfach bei de Rick, deen an der Vakanz ass, an d’Afahrt gekippt.
Hie wunnt ziemlech ausserhalb a kee huet eppes dovunner matkritt.


 

Ça peut vous intéresser:

WebUntis / Livre de classe électronique

mini teaser bicher

Menu du jour

Vacances et congés scolaires

Internat

internat teaser

Transport scolaire

TagCloud

Login module button with popup feature